
Missions accomplies!
Nodeems all eis Spiller hiren Trainingsfläiss nach eng Kéier eropgeschrauwt hunn, an domatt kloer gemat hunn, dass sie hir Aufgab eescht huelen, ass all Ziel, wat eis Equippen sech virun der Saison gesat haten, erreecht ginn! Kee geréngen Undeel dorun hat eis Geheimwaff aus dem Diddelenger Wäinhandel, deen d'Géigner wuel net esou op hirer Rechnung haten... Flott ass, dass mer elo erem an 3 Divisiounen hannnerteneen vertruede sinn.
Et siew elo schon op eis Generalversammlung e Méindeg, de 4. Juni um 20:00 Auer am Restaurant Il Camino zu Peppeng higewisen.
Dat nächst grousst Ziel, wat mer wäerten erreechen, heescht ... Champagne , well no esouvill Asaz a Schweess mussen dem Kierper jo erem Vitaminen an Aehnleches zougefouert ginn...
|
|