Lescht Norichten

 

Eis Saison steiert esou lues op hiert Enn zou.
Den 3. Juni konnte mer op eiser Generalversammlung e Réckbléck op e spannend Joer maachen, wou eis 1. Ekipp de Wee zréck an d'1. Divisioun fonnt huet.
Op der Nuit du sport de 6. Juni hu mer Kanner an Erwuessener esouwuel op eisem Crêpestand, wéi och bei de "gréngen Dëscher" begeeschtert, wouvun Der Iech op de Biller an eiser Gallerie kënnt iwwerzeegen. Besonnesch gefreet huet eis, dass bal de ganze Schäfferot sech der sportlecher Erausfuerderung mat eisem Roboter gestallt huet.
De Jugendtraining hale mer bis den 30. Juni bäi, éier mer eisen Traineren eng kleng Paus gënnen.
Et ass duerchaus méiglech, dass mer am Hierscht oder am Wanter an enger anerer Hal wäerte spillen, déi eis besser Liichtverhältnisser bidd. Esoubal mer méi wëssen, gitt der dat hei gewuer.
Iech all wënsche mer e wonnerschéine Summer!